|
Den Asterix os den Held vun dësen Aventuren. E klenge fuussege
Krichsmann mat engem helle Käppchen; séng Leit zécken nët, him fir
all geféierlech Missioun ze trauen. Den Astérix huet sénq Kraaft aus
dem Zauberdrank vum Druid Panoramix. |
|
Den Panoramix as de respektéierten Druid aus dem Duerf. Hie pléckt
Mëspel a brutscht Zaubergedrénks; am beschten as dat him gero-
den, dat jidferengem eng ongeheier Kraaft gët, deen et drénkt, Mä
de Panoramix huet nach eng ganz Rëtsch aner Rezepter an der Kopp. |
|
Den Tutebottix as den Dichtersänger. Iwwer säin Talent sin si sech nët
eens: hie selwer hält sech fir deen Allerbeschten. Fir all déi aner as
hien dat Allerlescht. Mä wann hien de Mond hält, as hien e gudde
Kolleg, e feine Kärel. |
|
|
Den Obelix an den Asterix halen zesumme wéi Pech. Den Obelix as
vu Beruff Menhir-Liwwerant, hie bafft fir säi Liewe gär Wëllschwäin
an as e richtege Kläpper. Fir mat dem Asterix lasszegoen, do géng
hien alles arn Plang loossen. Dem Obelix säin Hond Iddifix as den
eenzege gréngen Hond, dee bekannt es : hien hurelt vu Misär wann
e Bam ërngeha get. |
|
Den Zwirkinnix as de Chef vun der Sipp. Eng gelleg Majesteit mat vill Courage, awer
zimlech onheemlech; deen ale Sträitvull gët vu sénge Leit respektéiert a vu sénge
Feinde gefaart. Hie selwer fäert nërnrnen eppes: den Himmel géng him op d'Klatz
falen. Mä hie mengt: "Dat as och alt nach nët fir iwermar". |
|